Dënschdes, den 9te Juli 2019 huet de CDA op säin éischt Summerfest invitéiert. Lëschteg an interaktiv Spiller, hausgemaachte Kuch a Gesellegkeet waren um Rendezvous fir déi Kanner déi am CDA encadréiert ginn, sief et am individuellen oder an therapeutesche Gruppen, souwéi fir hir Elteren. Eng ganz Partie Kanner sinn an dësem Schouljoer am CDA encadréiert ginn, sief dat an individuelle Seancen oder an therapeutesche Gruppen. Reegelméisseg sinn si an de Kompetenzzenter komm a goufen hei vu Fachleit betreit, hu mat hinne Léierstrategien entwéckelt, hunn un hirer Konzentratioun geschafft oder ee méi héije Selbstwäert opgebaut. D’ Summerfest huet ee flotten a gesellegen Ofschloss gebueden, wou d’ Kanner nach eemol konnten zesumme mat hire Kollegen a Betreier ee schéine Moment erliewen an hier Erliefnesser deelen. Ma och den Echange tëscht de Mataarbechter an den Eltere war ee wichtegen Aspekt vun dësem Fest. Eng direkt a perséinlech Relatioun ass jidderengem am CDA besonnesch wichteg. Mir wënschen alle Schüler an hire Famillen eng schéin an erhuelsam Summerzäit a freeën eis alleguer elo schonn op ee spannend a produktiivt nächst Schouljoer. Mardi, 9 juillet 2019, le CDA a Invité à sa première fête de l’été. Au programme : des jeux divertissants et collaboratifs, un échange convivial et des gâteaux faits maison pour les enfants encadrés … Lire la suite de Summerfest am CDA
Copiez-collez cette URL dans votre site WordPress pour l’inclure
Copiez-collez ce code sur votre site pour l’y intégrer