Interview an der LEARN Newsletter
1 | Wie sidd Dir? Mir sinn de Centre pour le Développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA), ee vun deenen 9 Kompetenzzentere fir Kanner mat spezifesche Besoinen. Eis Haaptaufgab ass et, Kanner mat Léier- an Opmierksamkeetsstéierungen ze hëllefen. Dat kann iwwer een direkte Wee geschéien duerch ee spezialiséierten Diagnostik oder eng Fërderung. Oder awer iwwer een indirekte Wee, doduerch dass mir versichen den Terrain ze stäerken, zum Beispill duerch Formatiounen, geziilte Coaching oder Berodung. 2 | Wie kënnt bei Iech? An de CDA kommen déi Kanner a Jugendlecher, déi iwwer eng länger Zäit Schwieregkeeten hunn beim Liesen, Schreiwen oder Rechnen. Wa si trotz Fërderung an Adaptatiounen an der Schoul, den Uschloss un d’Klass net konnte fannen, kënne si am CDA gemellt ginn. Och Schüler déi scho mat enger Dyslexie, Dyskalkulie, Dysgraphie, Dyspraxie, AD(H)S oder enger associéierter Stéierung diagnostizéiert goufen, kënne bei eis gehollef kréien. 3 | Wéi kënnt ee bei Iech? Et ginn 2 Weeër, iwwer déi ee Schüler ka bei eis gemellt ginn: • D‘Commission nationale d’inclusion (CNI) gëtt den Dossier vum Schüler un eis weider. An dësem Fall ass an der Schoul opgefall, dass de Schüler Schwieregkeeten huet, an en ass iwwer d’Regionaldirektioun an der CNI gemellt … Lire la suite de Interview an der LEARN Newsletter
Copiez-collez cette URL dans votre site WordPress pour l’inclure
Copiez-collez ce code sur votre site pour l’y intégrer