Webinaire iwwert ADHS : eng ganz grouss Resonanz

Webinaire iwwert ADHS : eng ganz grouss Resonanz

Am Studio vum Radio 100,7

Am Kader vum Mount fir den ADHS haten de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Centre pour le Développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) an de Service de consultation et d’aide pour troubles de l’attention, de la perception et du développement psychomoteur (SCAP) zesumme mam radio 100,7 a mam SCRIPT dësen Dënschdeg 26. Oktober vu 14.30 bis 16.00 e Webinaire iwwer d’Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung organiséiert.

Am Studio waren: d’Liane Königs, Pedopsychiater a Psychotherapeutin, d’Manuelle Schank, Pedagogin a Psychotherapeutin am CDA, d’Liz Theis, Ergotherapeutin a Master of Arts an der ëffentlecher Gesondheet um SCAP an den Dr Alexander Marcus, Pedopsychiater a Psychotherapeut.

Iwwerdeems waren an der Emissioun eng Rei vun Témoignagen an Analysen ze héieren an d’Nolauschterer konnte Froen erareechen.

Schonn am Virfeld war den Interessi um Webinaire ganz grouss. Iwwer 1.000 interesséiert Persounen hate sech iwwer den IFEN – de Formatiounsinstitut vun der Education Nationale – ageschriwwen fir deen als Formatioun unerkannte Webinaire ze suivéieren. Beim CDA haten sech iwwerdeems iwwer 375 Persounen iwwer de Site www.tdah.lu ugemellt.

Dir konnt d’Emissioun net live suivéieren, oder wëllt se nach eng Kéier lauschteren? Dat kënnt Dir iwwer dëse https://youtu.be/QN7QrVaaPC0 Link maachen.

De Webinaire war en Deel vun enger ganzer Rei vun Evenementer am Kader vum Mount fir den ADHS, mam Zil, méi iwwer d’Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung ze informéieren an ze sensibiliséieren.

Haut Mëttwoch, de 27. Oktober, geet de Mount fir den ADHS mat enger Ofschlosskonferenz um Belval op en Enn. Haaptriedner ass hei den Dr Olivier Revol, Neuropsychiater a Kannerpsychiater vu Lyon. Dësen Event kënnt Dir Iech och am Livestream ukucken wann Dir Iech iwwert dëse Link aschreift.  https://tdah.lu/event/conference-de-cloture/

Contact

 

Adresse :

5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Accueil/renseignements:

Tél. 247 65103 / 247 65123
Email : info@cc-cda.lu 

 

Troisième Lieu :

Tél. 247 65141 / 247 65993
Email : troisiemelieu@cc-cda.lu

Contact presse :

Myriam Bamberg
Tél: 247 85252
Email: press@men.lu

Accès