Journée d’échange E.S.

Freides, den 9. November 2018 ass een Austausch-Dag organiséiert ginn mam Objektiv déi nei Kompetenzzentren den Acteuren vum Enseignement Secondaire virzestellen.

Iwwert de Moien verdeelt konnten d’ Representanten aus den Direktiounen an de SePASen vun deenen 47 Lycéeën aus dem Land, sech op 9 Stänn d’ Presentatiounen vun den Kompetenzzentren an der Agence ulauschteren. Am Nomëtten dann war Zäit fir méi déif op d’ Aarbecht vun den eenzelen Zentren anzegoen. Een direkten Echange konnt lancéiert ginn an op méi präzis Froen konnt geäntwert ginn.

Esou hunn d’ Fachleit vum CDA och drop opmierksam gemaach dass am Januar een Austausch-Nomëtten soll organiséiert ginn mat Vertrieder vun de Lycéeën, fir esou d’ Besoinen vum Terrain besser kënnen ze cernéieren an d’ Offer fir den Enseignement Secondaire unzepassen.

Zudeem gouf um Stand vum CDA, speziell den Troisième Lieu, eisen Dokumentatiounszenter, ervirgehuewen. Hei gëtt et eng ganz Partie pedagogescht a Fërdermaterial, Fachliteratur an standardiséiert Tester, déi een bei eis kann consultéieren an zum Deel och ausléinen.

Eisen Objektiv ass et d’ Inclusioun ze liewen an dofir setze mir maximal op d’ Weiderbildung an d’ Ënnerstëtzung vun den Acteuren um Terrain déi dagdeeglech mat de Schüler mat spezifesche Besoinen am Kontakt sinn.

Kommt bis laanscht an kuckt Iech eisen Troisième Lieu un. Dir kënnt och am Virfeld eng Berodung zu enger bestëmmter Thematik ufroe: troisiemelieu@cc-cda.lu .

Wann Dir och intresséiert sidd um Austausch-Nomëtten deelzehuelen, kënnt Dir Iech iwwer E-mail mellen: info@cc-cda.lu .

Contact

 

Adresse :

5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Accueil/renseignements:

Tél. 247 65103 / 247 65123
Email : info@cc-cda.lu 

 

Troisième Lieu :

Tél. 247 65141 / 247 65993
Email : troisiemelieu@cc-cda.lu

Contact presse :

Myriam Bamberg
Tél: 247 85252
Email: press@men.lu

Accès