Phonologesch Bewosstheet am Spillschoulalter

Dr Sylvie Bodé, Diplom-Psychologin, mat deeër mir och an der Konzeptiounsphase vum CDA, an engem gudde Kontakt stoungen, stellt all den Intresséierten hier Publikatioun “ Phonologesch Bewosstheet am Spillschoulalter” an digitaler Form zur Verfügung.

Hei drënner ee klenge Message vun der Dr Sylvie Bodé:

Hei d’ Spillsammlung fir erfollegräich am Cycle 1 iwwert d’ Geräischer, d’ Silb, de Reim, den Ulaut an de Laut am Wuert op d’ Liesen an d’ Schreiwen virzebereeden. 

De Förderprogramm “Phonologesch Bewosstheet am Spillschoulsalter” ass 2004 als Buch erauskomm. Op d’ Nofro hin, a well all Exemplaren vum Buch verkaf sinn, hei de PDF vum Buch.

Dat zesummen mam Link op de Resumé vun der wëssenschaftlecher Trainingsstudie, déi weist, dass de regelméissegen Asaz vun de Spiller an Aktivitéiten e positiven Afloss op d’ Alphabetisatioun am Cycle 2.1. huet – Déi Kanner, déi am Cycle 1 di gréissten Schwieregkeeten bei der Entwécklung vun der phonologescher Bewosstheet hunn, maachen no dem Training am C1, beim Schreiwen am C2 signifikant manner Feeler, wéi déi Risiko-Kanner, déi den Training net matgemaach hunn.

Zum Förderprogramm

Contact

 

Adresse :

5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Accueil/renseignements:

Tél. 247 65103 / 247 65123
Email : info@cc-cda.lu 

 

Troisième Lieu :

Tél. 247 65141 / 247 65993
Email : troisiemelieu@cc-cda.lu

Contact presse :

Myriam Bamberg
Tél: 247 85252
Email: press@men.lu

Accès