Summerfest am CDA

Dënschdes, den 9te Juli 2019 huet de CDA op säin éischt Summerfest invitéiert. Lëschteg an interaktiv Spiller, hausgemaachte  Kuch a Gesellegkeet waren um Rendezvous fir déi Kanner déi am CDA encadréiert ginn, sief et am individuellen oder an therapeutesche Gruppen, souwéi fir hir Elteren.

Eng ganz Partie Kanner sinn an dësem Schouljoer am CDA encadréiert ginn, sief dat an individuelle Seancen oder an therapeutesche Gruppen. Reegelméisseg sinn si an de Kompetenzzenter komm a goufen hei vu Fachleit betreit, hu mat hinne Léierstrategien entwéckelt, hunn un hirer Konzentratioun geschafft oder ee méi héije Selbstwäert opgebaut.

D’ Summerfest huet ee flotten a gesellegen Ofschloss gebueden, wou d’ Kanner nach eemol konnten zesumme mat hire Kollegen a Betreier ee schéine Moment erliewen an hier Erliefnesser deelen. Ma och den Echange tëscht de Mataarbechter an den Eltere war ee wichtegen Aspekt vun dësem Fest. Eng direkt a perséinlech Relatioun ass jidderengem am CDA besonnesch wichteg.

Mir wënschen alle Schüler an hire Famillen eng schéin an erhuelsam Summerzäit a freeën eis alleguer elo schonn op ee spannend a produktiivt nächst Schouljoer.

Mardi, 9 juillet 2019, le CDA a Invité à sa première fête de l’été. Au programme : des jeux divertissants et collaboratifs, un échange convivial et des gâteaux faits maison pour les enfants encadrés au CDA – en individuel ou en groupe thérapeutique – ainsi que pour leurs parents.

Au cours de cette année scolaire, des enfants ont été encadrés au CDA, soit lors de séances individuelles, soit en participant à des groupes thérapeutiques. Ces élèves se sont rendus régulièrement au centre de compétences pour apprendre des stratégies facilitant leurs apprentissages, améliorer leur concentration ou développer une estime personnelle.

La fête de l’été a présenté une belle opportunité pour les enfants de clôturer l’année, en vivant un moment insouciant, ensemble avec leurs amis et leur personne de référence au CDA, et en partageant leurs expériences. L’échange entre nos collaborateurs et les parents présente aussi un aspect essentiel. Une relation personnelle et directe entre toutes les parties impliquées nous tient particulièrement à cœur.

Nous souhaitons d’agréables vacances à tous les élèves et leur famille et nous sommes impatients d’entamer une nouvelle année scolaire excitante et productive.

Contact

 

Adresse :

5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Accueil/renseignements:

Tél. 247 65103 / 247 65123
Email : info@cc-cda.lu 

 

Troisième Lieu :

Tél. 247 65141 / 247 65993
Email : troisiemelieu@cc-cda.lu

Contact presse :

Myriam Bamberg
Tél: 247 85252
Email: press@men.lu

Accès