Interview an der LEARN Newsletter

1 | Wie sidd Dir?

Mir sinn de Centre pour le Développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA), ee vun deenen 9 Kompetenzzentere fir Kanner mat spezifesche Besoinen. Eis Haaptaufgab ass et, Kanner mat Léier- an Opmierksamkeetsstéierungen ze hëllefen. Dat kann iwwer een direkte Wee geschéien duerch ee spezialiséierten Diagnostik oder eng Fërderung. Oder awer iwwer een indirekte Wee, doduerch dass mir versichen den Terrain ze stäerken, zum Beispill duerch Formatiounen, geziilte Coaching oder Berodung.

2 | Wie kënnt bei Iech?

An de CDA kommen déi Kanner a Jugendlecher, déi iwwer eng länger Zäit Schwieregkeeten hunn beim Liesen, Schreiwen oder Rechnen. Wa si trotz Fërderung an Adaptatiounen an der Schoul, den Uschloss un d’Klass net konnte fannen, kënne si am CDA gemellt ginn. Och Schüler déi scho mat enger Dyslexie, Dyskalkulie, Dysgraphie, Dyspraxie, AD(H)S oder enger associéierter Stéierung diagnostizéiert goufen, kënne bei eis gehollef kréien.

3 | Wéi kënnt ee bei Iech?

Et ginn 2 Weeër, iwwer déi ee Schüler ka bei eis gemellt ginn:

D‘Commission nationale d’inclusion (CNI) gëtt den Dossier vum Schüler un eis weider. An dësem Fall ass an der Schoul opgefall, dass de Schüler Schwieregkeeten huet, an en ass iwwer d’Regionaldirektioun an der CNI gemellt ginn.

Elteren a groussjäreg Jugendlecher kënne sech direkt bei eis mellen, iwwer den Internetsite cc-cda.lu, per E-mail: info@cc-cda.lu oder iwwer Telefon: 247-65123.

Déi Professionell aus dem schoulesche Milieu kënne sech iwwer dee selwechte Wee bei eis mellen. Si kënnen och direkt bei eis laanschtkommen, wa si sech wëllen an eisem Dokumentatiounszenter, dem Troisième Lieu, ëmkucken, inspiréieren oder eppes ausléinen (Mé-Fr, 9:00-12:00, 13:00-17:00).

4 | Wat geschitt konkret bei Iech?

Soubal mir den Dossier vum Schüler virleien hunn, gëtt dëse minutiéis analyséiert. Esou kann d’Referenzpersoun sech ee geneeën Iwwerbléck verschafen an déi nächst Schrëtt definéieren. Dës kënnen aus engem oder méi vun de folgenden Elementer bestoen:

E spezialiséierten Diagnostik, deen sech op de bestoende Bilanen an Analyse baséiert, an dës ergänzt;

Reeducatioun an der Orthophonie an/oder Psychomotorik;

Individuell Fërderung;

Atelieren;

Guidance fir Elteren a Professioneller déi direkt mam Kand schaffen. Zousätzlech zu der Guidance bidde mir och Formatiounen a Coaching un an offréieren eng Permanence am Troisième Lieu.

5 | Wéi kann d’Fuerschung hëllefen?

An onsem multilinguale Kontext, ass et besonnesch wichteg d’Fuerschung am Beräich vun de Léierschwieregkeete weider ze dreiwen. Säit 2018 schafft den CDA enk mat der Universitéit vu Lëtzebuerg zesummen. À moyen a long Terme soll et dem socio-educative Personal an de Regionaldirektioune méi einfach gemaach ginn, Schüler op Basis vun hire spezifesche Besoinen ze orientéieren. Ausserdeem leeë mir am CDA vill Wäert drop ëmmer um aktuellste Stand vun der Wëssenschaft ze sinn, fir esou kënnen déi effikassten Ënnerstëtzungsmoossnamen unzebidden an evidenzbaséiert Programmer virzeschloen.

Contact

 

Adresse :

5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Accueil/renseignements:

Tél. 247 65103 / 247 65123
Email : info@cc-cda.lu 

 

Troisième Lieu :

Tél. 247 65141 / 247 65993
Email : troisiemelieu@cc-cda.lu

Contact presse :

Myriam Bamberg
Tél: 247 85252
Email: press@men.lu

Accès