Handbuch fir Diagnostik vu Léierstéierungen

Handbuch mat „Best Practice“ Emfeelunge fir Diagnostik vu Léierschwieregkeeten am lëtzebuergesche Kontext

En Kooperatiounsprojet tëschent dem Centre pour le Développement des apprentissages „Grande-Duchesse Maria Teresa“ an der Universitéit Lëtzebuerg.

D‘Erléiere vum Liesen a Schreiwen ass zu Lëtzebuerg méi komplex ewéi a villen aneren  europäesche Länner. De lëtzebuergesche Schoulsystem baut nämlech op engem méisproochege Konzept op, d. h. niewent dem Lëtzebuergesche mussen d‘Kanner vu fréi un och déi däitsch a franséisch Sprooch beherrschen. Dës Tatsaach stellt net nëmmen eng grouss Erausfuerderung fir d`Schüler selwer duer, wann ee bedenkt, dass si hir schoulesch Kompetenze wéi d‘Liesen a Schreiwen oder d‘Léise vu mathemateschen Aufgaben an enger Sprooch entwéckele mussen, déi si net doheem schwätzen.

Dës komplex Sproochesituatioun äussert sech och am Handlungsfeld vun den Acteuren, déi an d`Spill kommen, wann ee Schüler Léierschwieregkeeten huet. Ass dat nämlech de Fall, muss am Kader vun engem Diagnostikprozess gekuckt ginn, wou genee d‘Schwieregkeete leien. Dëst geschitt an der Reegel ënner anerem mat Hëllef vu standardiséierte, psychologeschen Tester. Nieft Intelligenztester ginn et och eng Rei vun Tester, déi zum Beispill d`Kompetenzen am Liesen a Schreiwen oder am Rechnen ënnersichen. Doduerch dass d`Schüler hei am Land awer elo mat méi wéi enger Sprooch opwuessen, gëtt den Diagnostikprozess op d`Prouf gestalt, well bis dato net kloer ass, a wéi enger Sprooch ee standardiséiert Tester am beschten duerchféiert, fir ausschléissen ze kënnen, dass méiglecherweis sproochlech Defiziter d`Resultat verfälsche kéinten. Zousätzlech kënnt d‘Problematik derbäi, dass et wéineg bis keng Tester an der lëtzebuergescher Sprooch ginn an déi meescht agesaten Diagnostikmaterialien aus den Nopeschlänner sinn. Dat féiert och dozou, dass déi

agesaten Tester net déi passend Norme fir Lëtzebuerg hunn. Fir deem Ganze méi genee op de Grond ze goen, ass 2018 ee Kooperatiounsprojet tëschent dem Centre pour le développement des apprentissages „Grande-Duchesse Maria Teresa“ (CDA) an der Universitéit Lëtzebuerg, méi präzis dem Luxembourg Centre for Educational Testing (LUCET) an dem COSA Fuerschungsinstitut (Cognitive Science and Assessment), entstanen. Am Kader vun dësem Projet hu mir eis d‘Fro gestallt, wéi eng standardiséiert Tester fir d‘Diagnostik vu Léierschwieregkeeten hei zu Lëtzebuerg primär genotzt ginn. Doriwwer eraus wollte mir erausfannen, wéi eng Sprooch am meeschte fir d‘Tester benotzt gëtt: Däitsch, Lëtzebuergesch oder Franséisch? An hänkt des Sproochewal vum sproochleche Profil vum Kand of oder kommen och aner Facteuren an d‘Spill? An eiser Etüd hu 87 Acteuren, déi op regionalem Niveau an enger ESEB-Ekipp oder op nationalem Niveau beim

CDA diagnostesch Tester duerchféieren, matgemaach.

Zil vun dësem Projet ass et, am Joer 2020 en Handbuch mat „Best Practice“, Empfielunge fir Diagnostik vu Léierschwieregkeeten am lëtzebuergesche Kontext ze verëffentlechen, dat de verschiddenen Acteuren am Diagnostikberäich eng Hëllefstellung soll sinn. Aus laangfristeger Siicht soll dëse Projet virun allem awer och d‘Fro beäntweren, wéiwäit et noutwenneg wier, an deenen nächste Joren eng Rei vun Tester, déi schonn am Ausland existéieren, un de lëtzebuergesche Sproochekontext unzepassen oder souguer nei Tester ze entwéckelen, déi moossgeschneidert op de lëtzebuerger Kontext sinn.

Jessica Fischer

Contact

 

Adresse :

5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Accueil/renseignements:

Tél. 247 65103 / 247 65123
Email : info@cc-cda.lu 

 

Troisième Lieu :

Tél. 247 65141 / 247 65993
Email : troisiemelieu@cc-cda.lu

Contact presse :

Myriam Bamberg
Tél: 247 85252
Email: press@men.lu

Accès