Eegen diagnostesch Tester fir Lëtzebuerg

Firwat braucht Lëtzebuerg eegen diagnostesch Tester?

Fir eng Diagnose vu Léierschwieregkeeten an engem bestëmmte Beräich (z.B. Liesen oder Rechnen) kënnen ze maache brauch en net nëmmen en Outil fir verschidde Prozesser (z.B. phonologesch Bewosstheet oder Quantitéite benennen) aus dësem Beräich kennen ze moosse mee och e méigleche Verglach mat typesche Leeschtungen aus dem Beräich vun enger gëeegenter Referenzpopulatioun. Fir ze moosse gi standardiséiert Tester gebraucht a fir gemoosse Leeschtungen anzeuerdne gi Norme gebraucht (cf. Wat sinn Testnormen?, Newsletter 2020).

Momentan ginn et wéineg Tester, déi fir de Lëtzebuerger Kontext entwéckelt goufen. Dowéinst gi bei eis meeschtens Tester benotzt, déi fir däitsch Mammesproochler konzipéiert goufen. Net nëmme huet déi eigentlech Zilpopulatioun vun dësen Tester Däitsch an der Schoul geléiert, mee si schwätzt dës Sprooch och an der Regel vu klengem un doheem. Sou ass de Contenu an d’Instruktioun vun den Tester un der Zilpopulatioun hier Sproochkenntnisser allgemeng an un de Wuert-schatz/-gebrauch aus der Schoul ugepasst.

Dëst trëfft op d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg net zou, wou d’Kanner eréischt am Cycle 2 formal ufänken Däitsch als Sprooch ze léieren, déi gläichzäiteg Alphabetiséierungssprooch a Léiersprooch fir aner Fächer ass. Dobäi kënnt, dass d’Kanner zu Lëtzebuerg eng Multitude vu Sproochen doheem schwätzen, déi sech méi oder manner vum Däitschen ënnerscheeden. D’Resultater aus dem nationale Schoulmonitoring weisen, dass d’Kanner jee no Sproochenhannergrond anescht bei den Épreuves Standardisées ofschneiden. Kanner déi doheem déi selwecht oder änlech Sprooch ewéi d’Testsprooch schwätzen, schneiden am Duerchschnëtt besser of wéi Kanner, déi doheem Sprooche schwätzen déi sech méi vun der Testsprooch ënnerscheeden .

Zesummenaarbecht mam CDA

Et ass wichteg dëse Constat bei der Entwécklung vun diagnosteschen Tester an de passenden Normen ze berécksiichtegen. Jee nodeems wéi eng Leeschtungen een hëlt fir Normen ze entwéckelen, gi Kanner aus verschiddene Sproochegruppen bei der Diagnose vu Léierschwieregkeeten iwwer- oder och ënner-identifizéiert. Och ass et oft net eendeiteg, ob schlecht Resultater op manner gutt Däitschkenntnisser oder op spezifesch Léierschwieregkeeten zréckzeféiere sinn.

Dofir braucht een net nëmmen Tester, déi inhaltlech fir Lëtzebuerg adaptéiert sinn, mee och verschidde Referenzgruppe, soudatt d’Norme beschtméiglecg ugepasst sinn un d’Charakteristike vun de Kanner (z.B. Geschlecht, Alter, Maîtrise vun der Testsprooch), déi getest ginn.

Sonja Ugen

Source: Newsletter LEARN

Contact

 

Adresse :

5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Accueil/renseignements:

Tél. 247 65103 / 247 65123
Email : info@cc-cda.lu 

 

Troisième Lieu :

Tél. 247 65141 / 247 65993
Email : troisiemelieu@cc-cda.lu

Contact presse :

Myriam Bamberg
Tél: 247 85252
Email: press@men.lu

Accès