Programm Magrid an de Spillschoulen zu Lëtzebuerg

Virstellung an Aféiere vum Programm Magrid an de Spillschoulen zu Lëtzebuerg

Interview mam Véronique Cornu

D’Véronique Cornu ass Psychologin am CDA. Säit 2018 schafft si hei mat Kanner déi eng Léierstéierung hunn oder bei deenen ee Verdacht op eng Léierstéierung virläit. Si hält Formatiounen an investéiert sech och no hirer Promotioun nach a Fuerschungsprojeten. Tëschent 2014-2018 huet si op der Universitéit Lëtzebuerg un hirer Dokteraarbecht geschafft. Bei dëser ass ee Programm eraus komm, mat deem Kanner sprooch-neutral kënnen hir Rechefäegkeeten opbauen – de Programm Magrid.

Véronique Cornu, Psycholog am CDA

Ee sprooch-neutrale Mathéstraining fir Kanner an der Spillschoul

Scho laang virun, dass mir mat der Schoul ufänken, hu mir scho mathematesch Fäegkeeten. Am Alldag brauche mir permanent Zuelen a mathematesch Inhalter. Schonn a ganz jonkem Alter wësse mir wou méi a wou manner ass. Dat heescht awer net onbedéngt, dass mir kënne Rechnen. Heifir musse mir verstoe, wat eng Zuel iwwerhaapt ass. D’Véronique Cornu erkläert: “Wa mir eng geschriwwen Zuel 2 gesinn, musse mir wëssen, dass dat, dat selwecht bedeit, wéi wann ech 2 Fanger weisen oder 2 Kamellen hunn. An mir mussen och verstoen, dass dat dann nach mat engem Wuert verknëppt muss ginn, zum Beispill d’Wuert Zwee. Dat heescht mir musse wierklech verstanen hunn wat eng Zuel ass, fir dass mir dono mat deenen abstrakte Symboler (wat et jo eigentlech ass) kënnen operéieren. An déi Bedeitung vun enger Zuel musse mir jo hunn éier mir am 1. Schouljoer sinn, wou mir jo dann direkt mat Rechnen konfrontéiert sinn.”

Wéi ass et méiglech de Kanner an der Spillschoul d’Zuelen an d’Rechnen op eng spilleresch Manéier méi nozebréngen? An dat bei enger ganz heterogener Schoul-Populatioun, wéi mir se ze Lëtzebuerg kennen?

Am Tandem, a mat Ënnerstëtzung vun hire Superviseure vun der Universitéit Lëtzebuerg, dem Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an dem Fonds national de la Recherche (FNR), hunn d’Véronique Cornu an d’Tahereh Pazouki ee Programm entwéckelt, dee sech virop op dat Visuellt baséiert. “Dowéinst hu mir d’ Tablette benotzt, well mir do jo ee Medium hunn fir d’Sprooch ze reduzéieren.” Aus dësem Projet koum d’Spin-Off LetzMath erfir, déi maassgeeblech un der weiderer Verdeelung vum Programm bedeelegt ass.

De Programm Magrid besteet aus Aufgaben déi um Tablette ausgefouert ginn, souwéi klenge Bicher fir d’Aarbecht geziilt un de Schoulkontext unzepassen. Esou kann den Enseignant an der Klass all Kand individuell fërderen an de Léierprozess steieren. Niewent den Zuele-spezifeschen Aufgaben, enthält de Programm och eng ganz Rei visuell-raimlech Aufgaben, déi och aner Fäegkeete beim Kand fërderen.

Programm Magrid

Magrid a Léierstéierungen

Am CDA ass d’Véronique Cornu dagdeeglech mat Kanner konfrontéiert déi Léierschwieregkeeten oder Léierstéierungen hunn. Kann de Magrid och eng Hëllefsstellung si bei Dyskalkulie, Dyslexie oder Dyspraxie? D’Psychologin seet ganz kloer Jo!

Wann ee Kand d’Haaptsymptomer vun enger Dyskalkulie opweist, zum Beispill, dass den Zuele-Begrëff net gefestegt ass, muss un der Basis geschafft ginn, an dat ass genee dat, wat mam Programm Magrid gemaach gëtt.

Och fir Kanner mat enger Dyslexie, oder Kanner, déi Schwieregkeeten hunn d’Schrëftsprooch z’erwerben, kann de Programm am Ufank vun hirer schoulescher Lafbunn eng grouss Hëllef duerstellen, doduerch, dass weder geschriwwen, nach geschwate Sprooch benotzt gëtt.

Well ee beim Schaffe mam Magrid och keng Graphomotorik brauch, stellt de Programm och fir Kanner mat enger Dyspraxie ee sënnvollen Tool duer. Bei enger Dyspraxie visio-constructive oder enger Dyspraxie visio-spatiale kann et och een “Outil de remédiation” sinn, well ganz vill visuell-raimlech Tâchen dra virkommen.

An der Schoul gëtt mam Magrid éischter am Grupp geschafft. Bei Kanner déi awer méi Schwieregkeeten opweisen, kann den Tool och am 1 zu 1 oder an Ateliere benotzt ginn. D’Véronique Cornu ka sech och virstellen an Zukunft spezifesch Formatiounen unzebidde wéi de Magrid, bei Kanner mat enger Dyskalkulie, Dyslexie oder Dyspraxie individuell an op d’Besoinen vum Kand ugepasst, kann an den Asaz kommen.

Wann de Magrid eigentlech fir den C1 ugeduecht ass, sou kann een awer och nach am C2, an C3.1 mat Kanner, déi eng Léierstéierung hunn, domat schaffen. D’Aufgabe gi mat der Zäit ëmmer méi schwiereg, a se kënnen à long terme nach ausgebaut ginn.

Éischt Etapp gemeeschtert

Wéi d’Véronique Cornu mat hierer Dokteraarbecht ugefaangen huet, an 2019 den Rolf Tarrach Präis krut fir déi bescht Dokteraarbecht an deem Joer op der Universitéit Lëtzebuerg, war et ëmmer d’Zil an d’Hoffnung dass hire Programm am Schoulalldag an den Asaz géing kommen. “Mee dass et elo sou wäit ass, ass natierlech mega!” Hir war et vun Ufank un wichteg, dass hir Fuerschung anere kéint weiderhëllefen: “Well ech et och immens wichteg fanne, Moyenen ze hunn, mat deene mer all Kand voll d’ Méiglechkeet kënne gi fir komplett vun deem an der Schoul ze profitéieren.”

Den Donneschden, 4. Mäerz 2021 gëtt de Programm Magrid dem Grand Public an engem Live Event virgestallt, a kënnt dono an de Spillschoulen zu Lëtzebuerg an den Asaz. Et ginn och eng Rei Formatiounen ugebuede fir den Ëmgang mam Programm z’erklären. Hei drënner fannt Dir d’Links fir Iech anzeschreiwen.

Fir méi Infos zum Programm Magrid:

magrid.lu

Facebook Magrid

LinkedIn Magrid

Fir Iech fir d’Virstellung an d’Formatiounen anzeschreiwen:

Vorstellung der Magrid-App

Kurs 1: Magrid: kompakte Fortbildung

Kurs 2: Magrid: weiterführende Fortbildung

Contact

 
 

Adresse :

2, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Renseignements :

Tél. 247-65103
Email : info@cc-cda.lu 

 

Prise de rendez-vous :

Tél. 247-65123
Email : info@cc-cda.lu

Troisième Lieu :

Tél. 247-65141
Email : troisiemelieu@cc-cda.lu

Accès