Webinar “ADHS – Eng Diagnos, keng Meenung!”

De Mount vum ADHS: lauschtert de Webinaire um radio 100,7 de 26. Oktober

Den Oktober steet dëst Joer am Zeeche vun der Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung – op Däitsch ofgekierzt ADHS, op Franséisch TDA/H. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Centre pour le Développement des apprentissages Grande-Duchesse Maria Teresa (CDA) an de Service de consultation et d’aide pour troubles de l’attention, de la perception et du développement psychomoteur (SCAP) wëllen dofir sensibiliséieren, doriwwer informéieren a besonnesch och d’Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Sou sinn am Kader vum Mount vum ADHS eng Rei Evenementer geplangt, déi fir jiddereen accessibel sinn, dorënner en Dënschdeg, de 26. Oktober vun 14.30 bis 16.00 e Webinaire um radio 100,7 mam Titel “ADHS – Eng Diagnos, keng Meenung!”, dee mat Hëllef vum SCRIPT zoustane kënnt. Am Studio diskutéieren: d’Liane Königs, Pedopsychiater a Psychotherapeutin, d’Manuelle Schank, Pedagogin a Psychotherapeutin am CDA, d’Liz Theis, Ergotherapeutin a Master of Arts am an der ëffentlecher Gesondheet um SCAP an den Dr Alexander Marcus, Pedopsychiater a Psychotherapeut.

Ausserdeem ginn eng ganz Rei vun Temoignagen vu Betraffener an Analysen vun Experten an d’Emissioun era gespillt. Iwwerdeems hunn d’Nolauschterer d’Méiglechkeet Froen un d’Invitéeën am Studio ze stellen, per E-Mail op fro@webinar.lu oder iwwer WhatsApp 621440044.

De Webinaire kann och per Livestream op der Websäit vu radio 100,7 (www.100komma7.lu) gekuckt ginn, no der Live-Ausstralung ass d’Emissioun och am Radiosarchiv ze fannen. 

Ee vun den Experten an der Emissioun ass den Dr Olivier Revol, Neuropsychiater a Kannerpsychiater vu Lyon a Spezialist vum ADHS. Hien ass den Dag no der Emissioun um radio 100,7, (de 27. Oktober) den Haaptriedner bei der Ofschlosskonferenz vum Mount vum ADHS. Dës fënnt vun 18.00 bis 20.00 am Immeubel “Terres Rouges” zu Esch-Belval statt a gëtt live iwwerdroen um Youtube-Kanal vum Educatiounsministère. 

Méi iwwer de Mount vum ADHS an den Thema u sech fannt Dir op www.tdah.lu  

Contact

 

Adresse :

5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

Accueil/renseignements:

Tél. 247 65103 / 247 65123
Email : info@cc-cda.lu 

 

Troisième Lieu :

Tél. 247 65141 / 247 65993
Email : troisiemelieu@cc-cda.lu

Contact presse :

Myriam Bamberg
Tél: 247 85252
Email: press@men.lu

Accès