Podcasts

 

De Podcast iwwer Léierstéierungen

 

Das CDA bietet Ihnen seine eigenen Podcasts zum Thema Lern- und Aufmerksamkeitsstörungen in luxemburgischer Sprache an. Es handelt sich dabei um eine Reihe von thematischen Interviews mit unseren internen Spezialisten und externen Experten.

Wenn Sie eine Hörbehinderung haben, aber das Thema eines unserer Podcasts Sie interessiert, lassen Sie es uns bitte wissen. Sie können uns eine E-Mail an info@cc-cda.lu schreiben und wir werden Ihnen die luxemburgische Transkription zukommen lassen.

 


Episode 11 – Wéi eng Diagnos kann ee Liewe veränneren

An eisem 11. Podcast schwätze mir mam Sarah Urbing iwwert säi schwierege schoulesche Parcours. Hatt hat de Verdacht eng Dyskalkulie ze hunn an huet sech als Erwuesse Fra Hëllef gesicht. Wéi et him haut geet a wat him gehollef huet Beruff, Erwuessenebildung a Famill ënnert een Hutt ze kréien, héiert Dir an dësem Podcast.

 

Episode 10 – Tester fir den Diagnostik vu Léierstéierungen am Lëtzebuerger Kontext

An eisem 10. Podcast geet et ëm standardiséiert Tester. Wat si standardiséiert Tester? Wisou brauch een se? A wat ass d’Plus-Value wann sou Tester an de Beräicher Mathematik a Liesen/Schreiwen op déi Lëtzebuerger Schoul-Populatioun ugepasst ginn?

 

Episode 9 – Léierstéierung am Erwuessenenalter

An eisem 9. Podcast hu mir een Témoignage vun enger Fra déi am Erwuessenenalter d’Diagnos Léierstéierung krut. Si erzielt eis wéi dat fir si war, wéi hire Parcours bis dohi war a wéi sech hirt Liewen dono verännert huet. Mir schwätzen och iwwer verschidden Hëllefstellungen a Strategien fir den Alldag vu Betraffenen ze vereinfachen.

 

Episode 8 – Vun der Analyse zu der Fërderung

An eisem 8. Podcast geet et ëm d’Analyse vun der schoulescher Situatioun vun engem Schüler an déi geziilte Fërderung. A wéi dës 2 Etappen eis kënnen Opschloss ginn ob ee Kand oder Jonken eventuell eng Léierstéierung huet.

 

Episode 7 – Liewe mat Dyslexie

An eisem 7. Podcast geet et ëm d’Liewe mat Dyslexie. Dyslexie ass eng Léierstéierung, déi engem d’Liesen an d’Schreiwen erschwéiert. Mee mat enger fréizäiteger Diagnos, an den richtegen Hëllefsstellungen, wéi Strategien an Adaptatiounen, kann ee säi schouleschen a beruffleche Parcours gutt meeschteren. Iwwert hire Wee bis elo, erziel eis haut eng Betraffen.

 

Episode 6 – Soll an der Schoulvakanz gerascht oder geléiert ginn ?

An eisem 6. Podcast geet et ëm d’Schoulvakanz an ob Kanner a Jonker mat Léierstéierunge sollen an der Vakanz léieren oder net, wéi vill soll geléiert ginn a wéi een dëst Léieren kann sou angenehm a positiv gestallte wéi méiglech.

Iddien fir Aktivitéiten, déi een kann an der Vakanz ënnerhuelen

 

Episode 5 – Diagnos Léierstéierung a wat elo?

An eisem 5. Podcast informéieren d’Sandy Spielmann, Léierin am CDA an d’Caroline Hornung, Research Scientist op der Universitéit Lëtzebuerg doriwwer wat ee ka maache wann ee Schüler d’Diagnos Léierstéierung gestallt krut. Si erkläre wéi eng pedagogesch an didaktesch Upassungen am Unterrecht kënne gemaach gi fir dem Schüler den Alldag z’erliichteren.

 

Episode 4 – Wéi gesäit den Diagnostikprozess bei ADHS aus, a wéi wichteg ass d’Formatioun op deem Gebitt?

An eisem 4. Podcast gi mir op d’Prozesser vun der Erkennung an dem Diagnostik vun ADHS an, souwéi op d’Akteuren, déi an dëse Prozesser involvéiert sinn. Am zweeten Deel vum Podcast schwätze mir och iwwer d’Formatioun an d’Sensibiliséierung.

 

Episode 3 – Wat ass ADHS – Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperaktivitéitsstéierung?

An eisem 3. Podcast geet et ëm d’Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperactivitéitsstéierung, ADHS. Wat ass ADHS, wéi erkennt een et, a wat kann een ënnerhuelen am schouleschen Ëmfeld? Wéi kënnen Elteren déi éischt Unzeechen erkennen, a wat kënne si ënnerhuelen?

 

Episode 2 – Lerstörungen im multilingualen Kontext: Den Diagnostik vu Léierstéierungen am lëtzebuergesche Grondschoulsystem

Léierstéierunge sinn net ëmmer einfach z’erkennen, a scho guer net an engem multilinguale Kontext wéi deen, dee mir hei zu Lëtzebuerg hunn. Dat ass och am Handbuch “Lernstörungen im multilingualen Kontext: Diagnostik und Hilfestellungen”, dat mir zesumme mat der Universitéit Lëtzebuerg erausbruecht hunn, nozeliesen.
Am 2. Podcast erkläre mir Iech d’Begrëffer Léierschwieregkeet a Léierstéierung a ginn op d’Ënerscheeder tëschent deenen 2 an. Zudeem erkläre mir den Diagnostiksprozess, a setzen ee besonnesche Fokus op de lëtzebuergesche multilinguale Kontext.

 

Episode 1 – De Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat Léierstéierungen (CDA) a seng Zesummenaarbecht mat der Universitéit Lëtzebuerg

Léierstéierunge sinn net einfach z’erkennen an engem multilinguale Kontext wéi deen zu Lëtzebuerg. Eise Podcast soll opklären an Iech dës Thematik méi no bréngen. Am 1. Podcast wëlle mir Iech erzielen wat dem CDA seng Missiounen an Ziler sinn a wéi et zu der konstruktiver Zesummenaarbecht mat der Universitéit Lëtzebuerg komm ass.


 

 

Kontakt

 

Adresse:

5, rue Thomas Edison
L-1445 Strassen

 

Empfang / Auskunft:

Tel.: 247 65103 / 247 65123
E-Mail: info@cc-cda.lu 

 

Troisième Lieu:

Tel.: 247 65141 / 247 65993
E-Mail: troisiemelieu@cc-cda.lu

Pressekontakt:

Myriam Bamberg
Tel.: 247 85252
E-Mail: press@men.lu

Zufahrt